De 26. Januar huet d’AHSE sech mam Minister vum Ëffentlechen Déngscht , Serge Wilmes, zu enger offizieller Entrevue getraff.
Wéi am Loun Ofkommes vum ëffentlechen Déngscht virgesinn, huet eng Sëtzung vun der AHSE mam Minister Wilmes vum Ëffentlechen Déngscht stattfonnt.
An enger entspaanten Atmosphär gouf iwwer den Aarbechtsalldag a méiglech Verbesserungen fir eis Beruffsgrupp diskutéiert.
De Minister huet sech besonnesch fir d ‘Perspektive vun der Gewerkschaft interesséiert.